Nei an Ärem Zeitungs- a Bicherbuttek
Missioun Mëttelmier
E Superjhemp-Spezialband fir déi 25. Päischtcroisière Bei Geleeënheet vun der 25. Päischtcroisière am Mëttelmier op der MSC Splendida, vum 22. bis den 29 Mee, koum de Superjhemp-Spezialband « Missioun Mëttelmier » eraus, deen dëst Mega-Event am Lëtzebuerger Vakanzekalenner op eng e bëssen aner Manéier presentéiert. De Band ass am DIN A5-Format an ënnerscheed sech domat bewosst vun deenen « normale » Superjhempen am DIN A4-Format. Als Extra-Bonbon ass eng CD « PPUM-Päischt-Party um Mëttelmier » dobäi mat Partylidder vun der Päischtcroisière, geschriwwe vum Gilbert Lentz vun Neptun Cruises, mat Musek vum Erny Delosch a gesong vun Änder Hirtt, Marion Welter a Fausti.
«Missioun Mëttelmier » ass am Buch- an Zeitungshandel ze kréie fir 9,99 €. Dir kënnt de Band awer och bei der Revue bestellen duerch Iwwerweise vun 11,99 Euro (9,99 Euro + 2 Euro Verschécken) op de Postscheckkonto CCPLLULL LU97 1111 0836 5137 0000 vun den Editions Revue mam Vermierk « Superjhemp-Spezialband-Missioun Mëttelmier ».




del.icio.us
Digg

Postez votre commentaire